Hei wielen!


    Zu der grousser Fouer


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch.

Fir wat just esou molen ?
Mir hun eis zesummegesat an hu berode wat mir mat dem Thema Fouer ufänke sollten.E Puzzle ( eng aner Aart Gruppenaarbecht ) sollt et ginn. All Zeecheblat sollt de breede Wee gedréit ginn.

Eng Saach huet misse grouss gemoolt ginn ( net onbedéngt ganz ), zwou verschidde grouss aner Saachen am Hannergrond. Esou konnte mir grouss molenan d' Stécker gesi grad wéi op enger Foto aus.

Den Hannerrond
Déi eng molen den Hannergrond schwaarz, blo / schwaarz; déi aner hellblo.

D' Saachen
D' Spiller, d' Buden, d' Leit ginn eréischt zum Schluss gefierft, woubäi all Schüler sech bewosst sollt sinn datt jiddereen een Deel fir dat spéidert Resultat verantwortlech ass.

De Puzzle zesummesetzen
Matt de Schüler zesumme gëtt entscheed wou waat fir eng Zeechnung hir Plaz kritt. Da kann dat Ganzt op e grousse Pobeier opgepecht ginn ( ass net onbedéngt erfuerdert ).

Mir hunn einfach dat Ganzt mat Pünäsen un der Wand befestegt.

D' Schueberfouer, do gi mir hin !



Zréck zum
HAAPTMENU