- D' Gouache-Faarwen Dat mat de Gouache-Faarwen ass alt heiansdo eng schwiereg Saach. De Schoulmeeschter wëllt ëmmer datt si schéin déckflësseg solle sinn. - D' Waasser Ma deijee alt ! Dat ass net ëmmer esou einfach wéi gesot. Gëtt nämlech ze vill Waasser drënner gemëscht , ass se ze leefeg ( ze wässereg ); eist Blat léist sech bal a Grimmelen op. Si mir awer mam Waasser ze knéckeg, da geet d' Faarf wa se dréchen ass alt gäre stéckelchersweis lass. - Probéieren Et bleift eis näischt anneres iwreg wéi, ze probéiere bis mer den Trick eraus hunn, datt se weder ze leefeg nach ze fest ass. - D' Molstëften Mat de Molstëften ass et scho méi einfach. Ma Kanner passt op, de Schoulsak doheem net hannert Dier schmäissen, d' Faarweminn brécht a Stécker, a beim Nospëtze brécht d'Minn ëmmer erëm of ! - D' Wiel vun de Faarwen Net vergiessen ! d' Wiel vun de Faarwen ass ganz wichteg fir d' Zeechnung. Duerfir an och wéint dem perséinlechen Androck deen eng Zeechnung bewierkt; soll jidderee seng Wiel selwer treffen. Vill Freed bei der Faarwewiel ! |