Hei wielen!


    Zu de Pompjeeën


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 / fir d' Variant e ganzt DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften.

- D' Iddi
Déi Zeechnung vun de Pompjeeë verdanke mir engem schreckleche Brand, wouvu mir an der Zeitung geliess hunn. Ma direkt zu der Zeechnung; mir sollten d' Pompjeeën am vollen Asaatz weisen, an et sollt ee virun allem d' Nëtzlechkeet vun de Pompjeeën hiren Asätz begräifen. D' Feier, d' Pompjeeën, d' Mënschen; jee alles ronderëm d' Brandplatz sollt grouss gemoolt ginn ( also sollt gutt ze erkenne sinn ).

- D' Fierwen
No enger gudder Virbereedung gounge mir un d' Aarbecht. Gemoolt hu mir op en DIN A4 Blat, a mat Molstëften.

Dat war net séier geschitt; e liichten Drock op d' Faarf a kleng Strécher no beieneen. D' ganzt Blat sollt jo faarweg sinn, wéi dat jo och bei enger schéiner Foto de Fall ass.

- Eng Variant
An enger Parallelklass hunn d' Schüler dee selwechten Thema mat Waasserfaarwen ugaangen. Nodeem datt déi eenzel Fläche fir d' éischt mat kloerem Waasser ugefiicht si ginn, gouf dunn d' Faarf opgedroen ( dat heescht dra verlaafe gelooss ). Dat huet deem ganzen en Uschäin vun Aquarellmolerei ginn.
  Opgepasst: wann emol ze vill Waasser op der Zeechnung war, ass de Pinsel ausgedréckt ginn, dann ass déi iwwerflësseg Faarf mam dréchne Pinsel " opgehuewe" ginn. Duerno ass d' Faarf nach eng Kéier gebraucht ginn, bis d' Resultat erreecht war.


Probéiere geet hei iwwer studéieren !



Zréck zum
HAAPTMENU