Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften. Déi Schleeken hei stamen aus engem éischte Schouljoer, éischt Trimester. Bewosst ass den Hannergrond ewech gelooss ginn. Et goung jo ëm de Schleek ! Gemoolt gouf mat einfache Molstëften op en halleft DIN A4 Blat Pobeier. - De Schleek Eng schéi grouss Spiral gemoolt ( déck ausgezunn ), nach eng zweet Spiral vun der Mëtt aus molen ( dës Kéier awer dënn, also net op de Bläistëft drécken ). Oppassen datt déi zweet Spiral ëmmer +/- dee gläichen Ofstand zu deenenzwou décke Linnen huet. - Säi Kierper Ënnert der Spiral nach aus engem laange, schmuele Rechteck ( vir ronn an hanne spatz ) de Kierper vum Schleek molen. " Haren ", Aen an e Mond zeechnen. Fir ze verschéinere kënnen e Reebou, Grashällem, Blummen, eng Sonn respektiv Wolleke gemoolt ginn. Fäerdeg !
|