Wat mir brauchen: DIN A3 / DIN A2 / Zeecheblieder oder och Tapéit, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch. D' Theaterstéck Eng Rees um Mier, e Grupp Leit un Deck déi sech net kennen an de Kapitän vum Schëff. All Akteur zielt e klengt Erliefnes ... Eng gutt Iddi Mir kënnten dat " Stéck " net nëmmen einfach esou spillen, ma och eng richteg Bühn schafen, mat Dekoren a Kulissen. Un d' Aarbecht Eng gutt Organisatioun ass hallef Aarbecht, duerfir sinn d' Charge verdeelt ginn, Gruppe bestëmmt ginn a Bänke verréckelt ginn. Wéi mole mir den Hannergrond ? Wie moolt déi riets Säit, wien déi lénks Säit. Wien net an engem Grupp matschafft moolt eenzel Deeler déi gebraucht ginn. D' Fierwen Gemoolt gouf mat breede Molbiischten an d' Faarwe ware fräi ze wielen. Bei der Uropféierung ware mir richteg stolz ! |