Hei wielen!


    Zu de Boullen


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Blat, e Bläistëft a jee no deem Gouache-Faarwen.

- Eng Kugel molen
D' Kugel gouf fräihänneg virgemoolt, woubäi eventuell quetscheförmegGebilde nogebessert respektiv ausgebessert hu misste ginn.

Dat ass awer hei méi einfach gesot wéi gemat.

Ma mat e bëssche Courage geléngt et schlussendlech dach meeschtens ganz gutt.

Mam Gummi d'Bossen an d'Kaulen ewech wëschen, dann offlaachen oder opfëllen.

- Den Hannergrond fierwen
Mam Hannergrond fierwe gouf selbstverständlech ugefaangen. Also d' Faarf gewielt an da " getuppt ".

- D' Kugel fierwen
D' Kugel selwer gouf och getuppt wobei mir mat enger fräi gewielter, passender Faarf, naas an naas vubaussen no banne virgaange sin .

- Luucht a Schiet
Déi Säit wou d' Luucht soll hi fale gëtt zu engem Punkt hin ëmmer méi hell gefierft, bis mat engem ganz wäisse Punkt alles opgefëllt ass.

Zum Schluss de Schiet net vergiessen!

"Et Voilà" si se net schéi ginn, eis Boullen ?



Zréck zum
HAAPTMENU