Wat mir brauchen: Jee no Schouljoer en 1/2 DIN A4 Zeecheblat, oder DIN A4, Tapéit oder esouguer méi e grousse Format a Gouache-Faarwen. - Allgemenges Wann och op enger anerer Plaz bei " Kanner molen " d' Gefore vum Feier ervirgestrach an de Notze vun de Pomjeeën ënnerstrach gouwen, sou ass den Thema Buergbrennen ( grousst Feier ) fir d' Kanner ëmmer erëm faszinant. D' Gruppenaarbecht ( op Tapéit oder méi grouss war voll cool ! ) Net ze no un de Rand a grouss molen ( der Gréisst vum Blat entspriechend ). - D' Virbereedung Gemoolt hu mir e Kräiz, en Tuerm, e Stréikoup zesumme mat Kräiz oder Tuerm. Net ze däitlech konnt ee Brieder, en dieren Dännebeemche vu Chrëschtdag an aner ondefinéierbar, holze Saachen ( Uebst- an Tomatekëschten, en ale Stull, asw. )gesinn. No der Virbereedung hu mir festgehalen: Gemoolt gëtt mat Gouache-Faarwen. - D' Faarwewiel I. Den Hannergrond: Schwaarz a blo getuppt mat engem breede Pinsel ( Nº 8 / Nº 10 ) naass an naass molen! II. D' Kräiz: Brong, hellbrong, beige bis zu giel. ( Net vergiessen naass an naass molen ! ) Ondefinéierbar holze Saache soll ee kënne gesinn awer net ze vill Klengegkeeten an Eenzelheete molen. III. D' Feier: Pur, grellrout, orange bis hinn zu grellgiel. ( naass an naass ) - Nach eppes Wien es net genug konnt kréien, huet och dierfen 2-5 Persounen derbäi molen ( si hu sech flott vun dem däischteren Hannergrond ofgehuewen. Ganz schéin a verschidde Molereie sinn entstanen ! |