Hei wielen!


    Zu de Blieder


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften.

- D' Form
Hei hu mir, op ons bekannte Formen, zréckgegraff. Fir d' éischt ass en Dräieck, e Rondel, en Oval, e Quadrat oder e Rechteck fräihänneg mam Bläistëft gemoolt ginn. Net bis un de Rand vum Zeechenblat molen, awer dach grouss.

- D' Gréisst
Duerch dee Kader ass d' Gréisst vun eisem Blat festgeluecht a mir brauchen nëmmen nach op enger Säit d' Spëtz vum Blat, an op der Säit géigeniwwer eng Abuchtung fir de Still ze maachen. Dann zum Schluss d' Blat mat enger entspriechender Linn ëmginn, Blatoderen anzeechnen an da kann ( ouni Hannergrond ) gefierft ginn.

- D' Faarf
Beim Fierwen e liichten Drock op d' Faarf ginn a mat klenge Strécher niewentenee molen. Iwwergäng bei de Molstëfte kënnen och fléissend gemoolt ginn, wann ee fir d' éischt déi hell Faarf opdréit ( mat engem liichten Drock ), dann déi donkel Faarf dernieft.

Zum Schluss gëtt mat manner Drock " d' Nout " ( de Kontakt tëschent hell an donkel ) ugepasst getéint.

Ëmmer wéinstens dräi Faarwen déi zesummepasse gebrauchen.

Zum Schluss nach e Rand ( - / d' Zänn vum Blat ), d' Blatoderen an de Still molen.


Vill Erfolleg !



Zréck zum
HAAPTMENU