Wat mir brauchen: Vill verschidde gesammelt Blieder, Schreiwmaschinnspobeier fir den Drock ze probéieren, en Zeecheblat fir den definitiven Drock a Gouache-Faarwen. - Mat Blieder drécken ? Wien nach net mat Blieder gedréckt huet, soll et onbedéngt maachen ! Schier onbegrenzt kann ee variéieren. - E puer Méiglechkeeten - d' Blieder selwer huelen, fir mat hinnen Ofdréck; ze réaliséieren. Verschidde Blieder ( dräi bis véier )iwwerdeneen drécken ( a verschiddene Faarwen ). - d' Blieder huelen, a fir d' éischt mat enger éischter Faarf, da mat enger zweeter Faarf ( liicht versaat dës Kéier ) drécken a firwat netmat enger drëtter Faarf ! - d' Blieder einfach esou op d' Zeecheblat leeën, ronderëm mat Faarf molen ( an zwar ee Pinselstréch niewent deen aneren ), d' Blaat elo ophiewen, fäerdeg ! - e Blat drécke mat Faarf, duerno versichen eppes am Blat ze erkennen, da mam Pinsel nëmmen d' Konturen dënn ausmolen ( e Fësch, e Bam, e Pimpampel, e Kapp asw. ) - d' Konture vun engem Blat no fueren, mat de Waasserfaarwen oder de Molstëfte fierwen. - sech d' Form vun engem Blat gutt ukucken, ( ronn, laang, kuerz, häerzförmeg, schmuel asw. ) , d' Grondform opzeechnen an dat ganzt fierwen. - an ... ... ...
|
Zréck zum HAAPTMENU |