Grondschoul vu Réiser

Schoulfest 2017
29.06.2017D'Colonies de Vacances a.s.b.l organiséiert den 7. Juli am Haff vun der Krautemer Schoul d' Schoulfest fir all d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enger Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.
Spiller an Animation sin um Programm souwei en Bodykicker Tournéier an der Sportshall!
Mir soen elo schon Merci, jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!
Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!
